Kaffi

Säit ech fier mein Gebuertsdaag eng Senseo-Machin krut (déi och schéin nierwend dem PC steet) drenken ech vill méi regelméisseg Kaffi. Ob daat elo gesond ass oder süchteg mecht, dorop well ech lo net agoen. Eng typesch Freak-Taas dierf do natierlech net feelen. Wou mer haut dann mein Tab-Vorrat zugronn gaang ass, hun ech liischt panikéiert (ohnee, et ass lo Weekend, szenen!). Ab an den Cactus, fier neier ze kaafen. Ech hätt bei der Däiwel net geduert dass daat sou bëlleg wier. Ech hun mer Café Natura vun Fairtrade geholl (Fairtrade ass must), an den Präis vun 3 Packung à 18 Pads louch bei 5,80.- €. Der Däiwel, 54 Pads fier 5 Euro 80? Net schlecht. Zumools et jo awer Fairtrade Kaffi ass, haat ech mer erwaart, dass en bessen méi déier ass. Bon, ech wees elo och net direkt, waat lo den aaneren kascht, mee ech fannen et net deier. Ech sinn zefridden.

This entry was posted in # Private. Bookmark the permalink. Post a comment or leave a trackback: Trackback URL.

7 Comments

  1. jack
    Posted August 24, 2008 at 1:27 am | Permalink

    T dass souwiesou den baeschten Café fiir t Senseo, drenken deen dooten well mei wei 1 1/2 Joer ;)

    Och wann een t Senseo mat der Zait midd gett..

  2. Posted August 24, 2008 at 12:06 pm | Permalink

    Hehe ech haat lo schon geduecht, du géifs eis eng Story erzielen dass de d’Pads iwwer Internet bestallt hues ;)
    Hun och eng Senseo zu Namur, an et as einfach praktesch. Lang Zait waren Café Liegois-Pads meng Favoriten, mee mettlerweil schmaacht deen mir och net méi sou.

  3. Posted August 24, 2008 at 4:09 pm | Permalink

    @benem
    Daat dauert mer ze laang bis déi hei sinn via Internet. ;)

  4. Posted August 26, 2008 at 10:44 pm | Permalink

    Du aal Kaffistuut…Bei PC stoen, daat ass awer den Faulenzer puur! :)

  5. Posted August 27, 2008 at 12:31 pm | Permalink

    Soss misst ech jo emmer 2 Stäck rop an roof laafen, nëmmen fier Kaffi. Daat wier dach onmenschlech. ;)

  6. marc
    Posted August 27, 2008 at 7:38 pm | Permalink

    Wow, mettlerweil Akaafstips am Beräich Kaffi um Blog ze liesen… waat ass dann nemmen lass Claude?

    Hoffentlech présentéierts du eis net och nach dei neisten Moude an Sachen Häkeldeckercher :)

    Ass net beis gemengt, gin dei Tabs och mool probeieren. >_>

  7. Posted August 27, 2008 at 9:43 pm | Permalink

    harr häklen hun ech och schon laang net méi gemeet.. ;D

Post a Comment

Your email is never published nor shared. Required fields are marked *

*
*