2010, alles keen Problem.

Wednesday, September 10th, 2008 | # Sports

Mir klappen schliesslech och d’Schweizer!
Muss een mol eng Kéier den Jeff Strasser luewen. An natierlech den Leweck. Flott geschicht.
Weissrussland, Schweiz, an maar Frankreich? Ass jo méiglech.
Lo sinn mer momentan an der WM Quali suguer op Plaatz #4.
Ech sinn zefridden.

Den 1-0 fier Lëtzebuerg huet den Jeff Strasser an 27ter Minutt aus enger Fräistousssituatioun erausgeholl, woubäi den Goolkeeper bëssen schlecht ausgesinn huet. An der 43ter Minutt kruten mer dann den Dämpfer vum Blaise Nkufo, deen den Ausglach geschoss huet. Den Guy Hellers huet an der Cabine wuel déi richteg Wierder fonnt, well an der 86ter Minutt huet den Fons Leweck eis d’2-1 geschenkt, an domatt d’Schweiz ongespetzt an den Buedem gerammt.

Nodro:

Hei mol d’Opstellung aus Letzebuerger Siicht:
Jonathan Joubert
Kim Kintziger (*)
Eric Hoffmann
Jeff Strasser
René Peters
Ben Payal
Mario Mutsch
Claudio Lombardelli (*)
Fons Leweck
Gilles Bettmer
Joel Kitenge (*)

Déi mam Stär (*) markéiert Spiller waren matt mir an der Primärschoul an/oder am Lycée. Zudem sinn den Lombardelli an den Kitenge Schëfflenger. Muss ech erwähnen, dass den Miralem Pjanic och vun Schëffleng kennt?

Fussball-Welt, mir kommen!

Nodro2:
Hei an hei kann een eis Goaler bewonneren. *schaukel*

6 Comments to 2010, alles keen Problem.

Tom
September 10, 2008

Also 2008 schéngt jo DAT lëtzebuergescht Sportsjoër iwwerhaapt zeginn. :)

claude
September 11, 2008

Wann mer d’Tour de France an eng Médaill gewonnen hätten, jo, wier et natierlech nach den Punkt op den I gewierscht. Mee och sou wärten sech meng Enkelen nach un d’Joër 2008 erenneren. :-P

Muling
September 11, 2008

Ah jo, CLaudio Lombardelli, vun deem kann ech der och e Liddchen sangen… Ech war och mat him am Lycee :-) .

Roude Leiw, huel se!

benem
September 12, 2008

Den Miralem P. ERWäHNT EEN NET!!!!!!! NI MéI!!!!
Deen ondankbaren Verräter.
P.S.: Zanter wéini interesséiers du dech fir Fussball?

claude
September 12, 2008

Amfong guernet. Mee ech hun missten un der nationaler Euphorie deelhuelen.

DamnedFreak
September 12, 2008

Dei national Euphorie huet leider greisstendeels just am Internet stattfonnt. Mir waren direkt nom Match zu puer hei am Osten op den Tour, an neirens war Stemmung. Schued usech :(

Leave a comment