Wéi et ënnert Debian dach sou einfach ass:
apt-get install dvdbackup
dvdbackup -M –output=/home/deus/Desktop/DVD
Ass dach flott, nee?
Update:
Sou geet et natierlech och:
./HandBrakeCLI -i /media/Video/Random_DVD/VIDEO_TS/ -o /media/Video/Movie.mp4
Handbrake ass nawell flott, kann an déi verschidden Codecs emwandlen, alles an engem. An wéi hätten mer daat ennert Windows gereegelt?
9 Comments
Enner Mac as ee RIP mat Handbrake och zimlech einfach
just mat grapheschem Interface.
GUIs sinn dach iwwerbewert, nee? Mee ech mengen et ginn och graphesch Interfaces fier Handbrake ennert Linux, ech hun mer just keng Méi gemeet der ze sichen, brauch et jo net. An ech muss endlech mol deen Smiley-CSS-Bug do léisen..
Ech mengen och das GUI’ s definitiv iwwerbewert sinn. - Mee et kennt een nemmen an de Genoss vun der Kommandozeil wann een sech mol drugetraut huet. Et ginn och enner Linux fir all meiglech Programmer grafesch Interfacen, mee firwaat en villfaches vun der Zait brauchen wann et och ganz einfach geet?
Et kann ee sech jo och en alias uleen, an dann en DVD-Rip einfach mat ~$rip starten. - Mach dat mol mat enger Gui.
Ennert Windows ass daat jo nach fill mei komplizeiert. Ganz ze schweigen vun dem Prais waaten esou Programmer geifen kaschten…
alles quatsch.
enner windows benotzt een handbrake.
Oder DVD decrypter.
An déi Diskussioun iwwer GUIs ass dach onnéideg. Ech benotzen GUIs gären, well ech mech an enger GUI net verschreiwen. “De Genoss vun Kommandozeilen” ass sou eng Saach, ne?
Natierlech sin Kommandozeilen straightforward, effikass an méi séier ze benotzen, mee dat GUIs iwwerbewäert sin haalen ech fir Blödsinn.
Dat Wuert “iwwerbewäert” ass iwwregens iwwerbewäert.
wen rippt haut nach DVDs x)
An sou eppes ass mäin 100sten Kommentar..
Ech wollt elo secher keen GUI geint CLI-Krich unziedelen. Jidderengem seint…
Ech sin dei Windows geint Linux oder Mac oder wat och emmer Diskussiounen och zimmlech leed. Ech benotzen och en X-Server mat Firefox an all deem Zeuch.
Wann ech esou en krassen Kommandozeilen-fetischist wär, geif ech mat Links oder Lynx surfen. (wat ech zu “Zaiten” vun 1,2 kbit/s” och gemat hun) .
Alles an allem fannen ech graphesch Interfacen netzlech, mee net onersetzbar. Allerdengs hues de mei wei recht mat dengem Argument dass een sech an enger GUI net vertippen kann.
. Do sicht een emol gären eng Zaitchen no engem Vertipper. Wei gesoot, alles huet sen Vir - an Nodeeler.
Oh Gott ech kann déi Win/Mac/Linux Diskussioun net méi héieren … -.-
Dei huet dach guerkeen ugezettelt. De Muling an ech sin eis tiptop eenz