WoW: Wrath of the Lich King

Ech hun mech virun en puer Deeg rëm dozou entscheet, mer d’Zäit bëssen mat World of Warcraft ze verdreiwen. An haut ass och nach dat neit Addon “Wrath of the Lich King” eraus komm. Während an den aneren europäeschen Länner en Mëttersnuetsverkaaf gestart ginn ass, war et hei an Lëtzebuerg (sou wäit ech weess) zimlech roueg ëm Hallefnuecht. Sou freaky wier ech awer och net gewiergt, an der Nuecht mech an eng Rei ze stellen, nëmmen fir en Computerspill. Den Cactus hat den éischten Addon (The Burning Crusade) deemools schon en Dag virum offiziellen Release verkaaft, also hun ech et gëschter mol an der Belle-Étoile probéiert. Mee se haten et nach net do leien. Bon, net schlëmm, et presséiert jo net. Ech krut et dann haut an der 10-Auer Paus vun engem Kolleg. Den Cactus freet 35 Euro dofir, während et am Auchan angeblech fir 26 Euro ze kréien ass. Hun dat (nach) net bestätegt kritt, mee falls dat wierklech sou wier, géing ech et krass vum Cactus fannen.
Domatt wir déi éischt Quest “Get it!” erleedegt. Opmierksam Lieser vun mengem Blog wëssen, dass ech keen Windows, mee Debian Lenny als Operating System notzen. An ech sinn net bereet, dat iergendwéi ze änneren, schon guer net fir en Spill. WoW huet also ze funktionéieren. Mee daat wir ze einfach gewiescht, oder? D’DVD (déi mëttlerweil endlech Multi-Language ass) ageluecht, an nëmmen 1 Folder (DirectX) an d’Installer.exe gesinn. Dat ass mer schon mol louche virkomm. Egal, d’EXE matt Wine-1.0.1 (stable) gestart, an ech krut zack eng Error Message, dass en d’Daten net alleguer géing fannen. No enger klenger Recherche an den offiziellen Foren, krut ech den folgenden Befehl:
mount -t udf -o ro,unhide,uid=1000 /dev/sr0 /mnt/whatever-ya-like
Bëssen ugepasst, an tada hun ech d’Files alleguer gesinn, an ech konnt et och endlech starten. Mee dat war réicht den Ufank! Ech krut empfohlen, ies4linux (eng Art “Internet Explorer” fir Wine) z’installéieren, an doropshin konnt ech den Installer starten. Leider konnt ech d’EULA net unhuelen. Léisung: Déi aktuell Versioun vun Wine (1.1.8) manuell kompiléieren. No gudden 15 Minutten Kompiléirung leeft mäin Installer elo, an ech sinn mol gespaant welch Problemer ech nach begéinen.
Et war net einfach et ënnert Linux un d’Laafen ze kréien, mee wéi ëmmer war et machbar. ;)

This entry was posted in # Computer. Bookmark the permalink. Post a comment or leave a trackback: Trackback URL.

3 Comments

  1. Posted November 14, 2008 at 4:34 pm | Permalink

    Gudd ze wessen. Da ech och Debian Lenny benotzen an den neien Addon ebenfalls ausprobeieren wärt trefft dat do et jo gudd.

    Dann brauch ech mech jo mol net op d’ Sich an de Foren ze maan. - cool!

  2. Posted November 15, 2008 at 4:38 am | Permalink

    Bonne Chance! :)

  3. Marc
    Posted November 15, 2008 at 6:25 pm | Permalink

    Hm gett do een Reckfälleg??
    Anyway, flott ze wessen dass et awer ennert Debian leeft.. nice

Post a Comment

Your email is never published nor shared. Required fields are marked *

*
*