Use your brain I

2009 February 8
by claude

En klengen Mathé-Problem:
Wann den Schumi den éischten Tour um Nürburgring matt 100 km/h Duerchschnëtt gefuer ass, wéivill muss en den 2ten Tour fueren, fir op en Gesamtduerchschnëtt vun 200 km/h ze kommen?
Tip: 300 km/h fir den 2ten Tour ass falsch.
Tip2: Et huet och nix domatt ze dinn, dass den Schumi net méi fiert, oder dass sou Vitessen physikalesch net méiglech wieren, bzw. dass se op der Streck onrealistesch sinn.

Related Posts

18 Responses leave one →
  1. Max permalink
    February 8, 2009

    Hien duerf nach genee 0 Sekonnen fier den 2. Tuer brauchen…also onendlech seier ;)

  2. February 8, 2009

    Wéi kennste dorop? Hueste eng mathematesch Approche?

  3. February 8, 2009

    D’Moyenne harmonique (2*a*b/(a+b)) ass et net
    200=2*100*x/(100+x)
    < => 200*(100+x)=200*x
    < => 20000+200x=200x
    < => 20000=0? :D

    Moyenne arithmetique géing opgoen, dann kritt een 400 km/h raus, mee ergëtt dat Sënn? :B

  4. denjclaude permalink
    February 8, 2009

    Entsteht do en logeschen Denkfehler weinst den (Ufanks net defineierten) km?

    Dei eischt Stonn kennt hien 100km weit. Mecht also 100km/h
    Dei zweet Stonn kennt hien 300km weit. Mecht also 300km/h
    An denen zwou Stonne mecht hien 400km. Mecht also 200km/h

  5. February 8, 2009

    Ech sot dach, dass 300 km/h fir déi 2t Ronn falsch ass. ;)
    Dat sinn jiddefalls d’Angaben déi eis Mathé1 Proff eis mat op den Wee ginn huet.

  6. February 8, 2009

    Okay, den Paul huet mer gehollef:
    Wann een Tour 1000 km sinn, brauch en fir den éischten Tour 10 Stonnen. D’gesamt Streck wier dann 2000 km, an matt enger Vitesse Moyenne vun 200 km/h brauch en dofir 10 Stonnen. Mee déi huet en dann fir den éischten Tour schon gebraucht. Heescht, et bleiwen him nach 0 Stonnen iwwreg. Vue dass Vitesse distance gedeelt duerch Zäit ass, an Zäit=0 ass, ass d’Vitesse onendlech.

  7. February 8, 2009

    Da sinn ech mol gespaant … ech hätt och lo 300 km/h.

    Do ass irgend en Wuertspill an der Fro oder sou.

  8. February 8, 2009

    Aaaah, ok, lo hunn ech verstan. Mee mäi Gehiir brummt e bëssen.

  9. denjclaude permalink
    February 8, 2009

    Definitif en Denkfehler fun mier, en fiert jo net eng Stonn mee eng Ronn.

  10. February 8, 2009

    D’Moyenne harmonique ass guer net sou falsch, wann een d’Resultat richteg interpretéiert.
    @Grommel
    Brumm zeréck ;)

  11. Max permalink
    February 8, 2009

    Told you so! :P

  12. Max permalink
    February 8, 2009

    Ausserdem schwätz de vun engem Tuer, net vun enger Stonn, an d’GP Streck vum Nürnburgring ass am Moment 5.2km…dofier brauch en dann 0.052 Stonnen mat 100 km/h…fier awer iwert 2 Tier, eng Streck vun 10.4km op 200km/h moyenne ze kommen, duerf hien och nemmen 10.4 / 200 = 0.052 Stonnen brauchen, also bleift keng Zeit mei fier den 2. ;)

  13. February 8, 2009

    Merci. :) Ass den selwechten Raisonnement wéi mäin, just mat den Wäerter vum Nürburgring.

  14. February 8, 2009

    Zitat Jean Audry (god bless him): La vitesse moyenne n’est pas la moyenne des vitesses.
    An dain Raisonnement
    200=2*100*x/(100+x)
    200*(100+x)=200*x
    20000+200x=200x
    20000=0
    ass falsch. Du kanns net einfach sou duerch x deelen. Well x ass méiglecherweis null. An duerch null deelt just den Chuck Norris. An ech.
    Mee do gett et en witzegt spillchen, woumadden ee Leit kann beandrocken déi kee Plang vu Mathé hun
    x^2-x^2=x^2-x^2 (logesch)
    Dat kann een an évidence setzen:
    (x-x)*(x+x)=x*(x-x) (Dat si keng Zaubertricks mee Formelen)
    Lo kann een duech (x-x) deelen
    x+x=x
    2x=x
    an dann deelen mer duerch x
    2=1
    meeeeeeeeeega

  15. February 8, 2009

    Jo ech weess dass deen raisonnement falsch ass. Deng Meenung iwwert den Jean Audry deelen ech leider net.
    Mir hunn an der Schoul mat ähnlechen Tricker bewissen, dass -1=1 ass. :)

  16. Loron permalink
    February 23, 2009

    “x^2-x^2=x^2-x^2 (logesch)
    Dat kann een an évidence setzen:
    (x-x)*(x+x)=x*(x-x) (Dat si keng Zaubertricks mee Formelen)
    Lo kann een duech (x-x) deelen”

    ausser x ass 0. ;-)

  17. Loron permalink
    February 23, 2009

    EDIT: eigentlech gett x-x emmer 0 lol also kannsde net deelen. error

  18. March 10, 2009

    Gudd Loron, da wor deng Schoul jo awer fir eppes gudd :)

Leave a Reply

Note: You can use basic XHTML in your comments. Your email address will never be published.

Subscribe to this comment feed via RSS