Pianocktail Mixtape Bengel Pt 8

2009 February 16
by claude

Nodeems den Bengel en klengen Tierchen duerch d’Bloggerszene gemeet huet (D’Initiativ ass vun Pianocktail organiséiert ginn), ass en duerch den Joël och bei mir ukomm. Enfin!

Kuerz nodeems den Bengel ugefaang huet mat wanderen, hunn ech gehofft en och mol ze kréien, an deementspriechend war ech schon fréi drop preparéiert. Hei nach eng Kéier déi genee Iwwersicht, ween wat gestëft huet:

Lidd Nummer 1
kennt vum Thorben
heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter
an passt heibai

Lidd Nummer 2
kennt vum Chris
heescht Skinny Love vum Bon Iver
bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof lauschtert
an passt heibai

Lidd Nummer 3
kennt vum Joël
heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d’Gedanken op d’Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt
an passt heibai

Lidd Nummer 4
kennt vum Charel
heescht Bumbo vum Moondog
bedeit him een Lidd, waat ee fesselt an dobäi an eng parallel Welt eranzit, déi wäit eweg an dach nobäi ass. Eppes lieweges fléisst duerch seng musikalesch Oderen, de systolesche Rythmus erënnert de Charel un draamähnlech Sequenzen, déi e nëmmen aus Lynch Filmer an Luciden Dreem hier kennt.
an passt heibäi

Lidd Nummer 5
kënnt vum Georges
heescht The Ice Is Getting Thinner vun Death Cab for Cutie
bedeit him ee Lidd, dat souwuel de gelongenen Ausklang vun engem exzellenten Album duerstellt, wéi och eenzel gelauschtert zum Nodenken ureege kann, besonnesch wann et grad Vältesdag ass.
a passt heibäi.

Lidd Nummer 6
kënnt vum Thierry
heescht War on Sound vu The Moonbabies
bedeit him Zuchfueren duerch England mam Sara an erënnert hien emmer erem drun wéi glécklech en sech dierf schätzen esouvill wonnerbar Leit an sengem Liewen ze hunn
a passt bei all d’Fotoen un senger Mauer.

Lidd Nummer 7
kënnt vum Joël
heescht Parallel Lives vum Róisín Murphy
bedeit him vun der Musek hier huet daat Lidd eppes Hypnotesches, an den Text beschreiwt daat waat ech och denken. Dass mer all verschidde Liewen parallel hun, déi sech nie mateneen vermëschen.
a passt heibäi

Lidd Nummer 8
kënnt vum Claude
Heescht “Midnight in a perfect world” vum DJ Shadow
bedeit him einfach Fernsucht, Kreativitéitsquell, Entspaanung.
passt heibäi:
2441980758_37562d9bab
(by Leah Thibodeau -> Field of Opportunity)

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.

pianocktail-mixtape-bengel-8

Ech werfen heimat den Bengel un d’Leti weider. ;)

Related Posts

8 Responses leave one →
  1. February 16, 2009

    Sehr schöner Titel. :-)

  2. February 17, 2009

    Danke, ich finde deinen Song auch sehr toll. :)

  3. February 17, 2009

    Dann maan ech mech mol un d’Aarbecht. Kënnt also nach dës Woch.

  4. February 19, 2009

    Gudd gemaa Claude. Endlech brengt déi faul Louder mol eppes neies ob sengem Blog :)

  5. February 19, 2009

    Merci Thorben :)

  6. Leti permalink
    February 20, 2009

    Tzeeee…… ;)

  7. February 20, 2009

    Harr an ech sinn den éischten, deen den Bengel Part 9 schon huet. :-P

Trackbacks and Pingbacks

  1. Pianocktail Mixtape Bengel Pt. 9 « effleurage - n. gentle stroking used in massage.

Leave a Reply

Note: You can use basic XHTML in your comments. Your email address will never be published.

Subscribe to this comment feed via RSS