# Private
Ech verkaafen..
…folgend Nintendo DS Spiller:
Age of Empires - The Age of Kings
Assassin’s Creed - Altaîrs Chronicles
Castlevania - Portrait of Ruin
Children of Mana
Final Fantasy III
Final Fantasy Chrystal Chronicles - Ring of Fates
Final Fantasy XII - Revenant Wings
Golden Eye - Rogue Agent (US)
Heroes of Mana
Izuna (US)
New Super Mario Bros.
Space Invaders Extreme
Zelda - Phantom Hourglass
D’Spiller sinn alleguerten an engem impécablen Zoustand, original verpaackt, Beschreiwung ass inclus, wéi een se am Geschäft kritt, just mol méi mol manner domatt gespillt. D’Savegames kann ech op Wonsch och nach läschen. Wann Interesse besteet, sech einfach mol iwwert E-Mail op claude@myclaude.org mellen. Ween well, kann och sur place bei mir laanschtkommen an sech d’Spiller ukucken. All d’Spiller sinn Europe-Releases (bis op déi 2, wou US hannendrun steet) an hun folglech Multilange-Support. Den Präis ass à discuter, ech wëll keen iwwert den Dësch zéien.
Wéi gesoot, fier weider Infos oder bei Interesse en Kommentar hannerloosen oder sech per E-Mail mellen.
Ech hun Angscht
Maar geet d’Welt ënner, ech soën ierch et.
Et war schéin matt ierch.
PS: Ech wees, dass d’Welt net ennergoen kann. Mee ech neigen dozou, schnell z’iwwerdreiwen.
Nach een Noodro: Hei kann een LIVE kucken ob den Teilchenbeschleuniger d’Welt schon zerstéiert huet.
Kaffi
Säit ech fier mein Gebuertsdaag eng Senseo-Machin krut (déi och schéin nierwend dem PC steet) drenken ech vill méi regelméisseg Kaffi. Ob daat elo gesond ass oder süchteg mecht, dorop well ech lo net agoen. Eng typesch Freak-Taas dierf do natierlech net feelen. Wou mer haut dann mein Tab-Vorrat zugronn gaang ass, hun ech liischt panikéiert (ohnee, et ass lo Weekend, szenen!). Ab an den Cactus, fier neier ze kaafen. Ech hätt bei der Däiwel net geduert dass daat sou bëlleg wier. Ech hun mer Café Natura vun Fairtrade geholl (Fairtrade ass must), an den Präis vun 3 Packung à 18 Pads louch bei 5,80.- €. Der Däiwel, 54 Pads fier 5 Euro 80? Net schlecht. Zumools et jo awer Fairtrade Kaffi ass, haat ech mer erwaart, dass en bessen méi déier ass. Bon, ech wees elo och net direkt, waat lo den aaneren kascht, mee ech fannen et net deier. Ech sinn zefridden.
Stuff ansou..
Ech hun d’Flemm. Jo. Et läit net dorunner, dass ech den Chris schon erem besoff am Fly gesinn hun, oder dass dem Leti seng Hoër no Fësch “rischen” (behaapt hatt mol), nee. Ugefaang huet et den Metten wou ech an der Telé Olympia 2008 gekuckt hun, an am 10 Kampf (ech mengen et war 10 Kampf) huet sech en 20 jähregen d’Sëlwermedaill kloërgemeet. 20 Joër haat en. 20! Ech sinn der mettlerweil 21, an waat hun ech ereecht? Hun mol meng 1e nach net gepackt. Olé! Deen Typ huet matt 20 wuel méi erreescht wéi ech an mengem ganzen Liewen wärt ereeschen. (Pessimistesch Astellungen ftw) Nee mee serieux mol, deen huet dach lo matt der Sëlwermedail genuch Suen verdingt dass deen déi nächst 10 Joër sëcher keen Fanger méi kromm muss maachen. An wann, dann ass et fier déi nächst Zigar unzemaan..
2ten Grond d’Flemm ze hun: Ech hun 1/5 Bicher fier am Franséichen duerch, an d’Bicher sinn wuel all stenklangweileg. Wann een gudd Résumeen vun folgenden Bicher huet, ech géing mech fréen…
- Le dernier jour d’un condamné (Victor Hugo)
- L’horloger d’Everton (Georges Simenon)
- Royaume et l’Exile (Albert Camus)
- (wees ech grad net méi, ech reechen den Numm no!)
Ech sinn beim éischten Buch (Pierre Péju - La petite Chartreuse) 2x ageschloof, an d’Buch war eng reng Zäitverschwendung. Ech hun daat 2t Kapitel, waat gudd 40-50 Säiten laang ass, tatsächlech missten liesen, fier ze wessen dass den Haaptpersonnage an der Vergaangenheet gemobbt gouf, well en Bicher gelies huet. Dass daat dono total onwichteg get an net wierklech d’Handlung ureegt, ass egal. Et huet een et awer missten liesen. WTF!? ..
Flott, lo nach en 3ten Grond fier d’Flemm ze hun: Iergendwéi schengt et fier mech onméiglech, eng Beziehung opzebauen. Daat mam Tanja (ech hun den Numm geännert, mee dir wesst wahrscheinlech ween gemengt ass) ass total gescheitert obwuel et sou gudd ugefaang huet, et war eng sëcher Affaire, mee hatt huet jo missten alles “verscheissen”. Bon, vläit war ech net onschold dorunner, mee ech sinn awer och net schelleg. Hatt kann mech mol. (Lo ass daat och mol raus!)
Et schéngt iergendwéi schwiereg, d’Relatioun matt enger Persoun dohinner ze “dreiwen”, dass se sech zu engem gewessen Intérêt (jo ech wees, keng 2 Accents an engem Wuert) entweckelt. Waat brauch een als Basis, dass een sech an deen aneren verkuckt? Et dierf net blond sinn, jo, et dierf net blöd sinn, jo, et muss einfach eppes an der Belz hun. Jo. Amfong keng allzekomplizéiert Virraussetzungen. Jedoch ginn et vun all den weiblechen Bekanntschaften recht wéineg Fraleit (oh daat klengt sou oofwärtend, sorry), matt deenen ech gudd eens ginn, matt deenen ech Conversatiounen, déi méi 5 Minutten undauren, opbauen kann. Ganz wéineg Fraleit schengen mech ze interesséiren, bzw sech iwwerhaapt fier mech ze interesséiren. Freet een sech, wisou? Léisst een den Leit net genuch Chance, dass een sech géigensäiteg kennenléiert? Oder mierkt een awer vun Ufank un, ob eng gewessen Gemeinsamkeet do ass, oder net? Hm, ech wees net. Ech wees just, dass ech matt emmer manner Leit Loscht hun, ze schreiwen. Mettlerweil sinn et der wuel eng kleng Handvoll, matt deenen ech suguer nemmen regelméisseg chatten. Naja, whatever.
En 4ten Grond fier d’Flemm ze hun: Ech fänken en Méinden un matt schaffen. Keen Bock. Wéini soll ech meng Bicher da liesen? -.-”
Gotcha!
Ich habe mir diese Woche im Harrods 3 (Ja, gleich drei!) Moleskine Notebooks zugelegt. War zwar scheissteuer, aber hat sich gelohnt. Die Seiten sind sehr weich und sind sehr gut beschreibbar. Ich hoffe mal dass sie meine neue Muse werden und ich öfter kreativeres Zeug hier posten kann. Danke an Leti für den Tip. ![]()